Wat ass “ALPHA – zesumme wuessen”?
„ALPHA – zesumme wuessen“ ass eng wichteg Reform am Schoulsystem zu Lëtzebuerg. Si bitt de Schüler d’Méiglechkeet, am Cycle 2 liesen, schreiwen a rechnen an där Sprooch ze léieren, déi si am beschte verstinn: Däitsch oder Franséisch, ofhängeg vun der Familljen- a Sproochesituatioun.
“ALPHA – zesumme wuessen” ass eng Chance fir vill Kanner zu Lëtzebuerg.
Eng Chance fir hir Zukunft mat engem gudde Start an de Schoulparcours.

Weiderbildunge fir Léierpersonal
Iwwer den IFEN-Portal kënnen Enseignanten an Enseignantes sech fir Weiderbildungen am Kader vum Projet „ALPHA – zesumme wuessen“ umellen.
Déi ugebuede Coursen ënnerstëtzen d’Ëmsetzung am Unterrecht a bidden praktesch Impulser zu der Sproochfërderung, der Méisproochegkeet an der Didaktik am Cycle 2.



