
Wat ass “ALPHA – zesumme wuessen”?
„ALPHA – zesumme wuessen“ ass eng wichteg Reform am Schoulsystem zu Lëtzebuerg. Si bitt de Schüler d’Méiglechkeet, am Cycle 2 liesen, schreiwen a rechnen an där Sprooch ze léieren, déi si am beschte verstinn: Däitsch oder Franséisch, ofhängeg vun der Familljen- a Sproochesituatioun.
“ALPHA – zesumme wuessen” ass eng Chance fir vill Kanner zu Lëtzebuerg.
Eng Chance fir hir Zukunft mat engem gudde Start an de Schoulparcours.
