
D’Lëtzebuerger Sprooch bleift en zentrale Pilier vum Schoulsystem. Se ass esouwuel Sozialisatiouns- an Integratiounssprooch grad ewéi och Unterrechtssprooch a villen Entwécklungs- a Léierberäicher (Mathematik, Éveil aux sciences, Human- an Naturwëssenschaften, Vie et société, Kierperausdrock, Psychomotorik, Sport a Gesondheet, ästhetesch, kreativ a kulturell Bildung, Konscht a Musek). Lëtzebuergesch ass onofhängeg vun hirem eenzele sproochleche Parcours de gemeinsame Lien tëschent all de Schülerinnen a Schüler.
Ausserhalb vun der Schoul bleift Lëtzebuergesch d’Sprooch vun der sozialer a kultureller Integratioun zu Lëtzebuerg. Dowéinst gëtt se wärend der ganzer Schoulzäit – egal, fir wéi eng Alphabetiséierungssprooch ee sech entscheet – staark gefërdert.
Jo. Lëtzebuergesch ass am Léierplang en eegestännegen Entwécklungs- a Léierberäich, deen ab dem Cycle 1 enseignéiert gëtt. Am Léierplang sinn déi Kompetenzen, déi mussen entwéckelt ginn, definéiert – virun allem beim Héierverstoen a beim Schwätzen. Wat d’Liesverstoen ugeet, kann d’Léierpersonal speziellt Material benotzen („FLOTT“ fir de Cycle 3, „FLOTTFLOTT“ fir de Cycle 4). Lëtzebuergesch spillt wärend der ganzer Schoulzäit eng zentral Roll – mat speziellen Unterrechtsunitéiten, fir d’Héierverstoen an d’Schreifkompetenze geziilt ze entwéckelen.
Am Cycle 1 ass Lëtzebuergesch d’Sprooch vun der Integratioun: Mat Ausnam vum Unterrecht an deene jeeweilege Sproochen an den Aktivitéiten op Franséisch an Däitsch gëtt am Cycle 1 lëtzebuergesch geschwat.
Am Cycle 2 ass eng Unitéit pro Woch virgesinn, an där d’Schülerinnen an d’Schüler de mëndleche Gebrauch vum Lëtzebuergesche léieren. D’Schülerinnen an d’Schüler léieren hei zesummen a gemëschte Klassen. An de sougenannten Niewefächer ass Lëtzebuergesch déi gemeinsam Unterrechtssprooch.
An de Cyclen 3 a 4 ass pro Woch eng Unterrechtsunitéit virgesinn, an där d’Schülerinnen an d’Schüler zesummen a gemëschte Klassen de mëndleche Gebrauch vum Lëtzebuergesche léieren, ergänzt duerch Liesen a Liesverstoen. An de sougenannten Niewefächer ass Lëtzebuergesch déi gemeinsam Unterrechtssprooch.
Jo (Erklärvideo). All d’Schülerinnen an d’Schüler léieren no an no déi dräi Amstsproochen (Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch), onofhängeg vun hirer Alphabetiséierungssprooch. Däitsch gëtt an den ALPHA-FR-Gruppen ab dem Cycle 2 enseignéiert. Heibäi handelt et sech ëm e mëndlechen Däitschunterrecht.
Ab dem Cycle 3 geet fir d’ALPHA-FR-Gruppen d’Zuel vun den Däitschunitéite beträchtlech erop, fir e gudden Equiliber tëschent deenen zwou Sproochen ze garantéieren.
Am Cycle 4 ass d’Zuel vun den Däitsch- a Franséischunitéiten d’nämmlecht. Dës Opdeelung a gemëschte Gruppe garantéiert deemno eng equilibréiert Entwécklung vun de sproochleche Kompetenze wärend der ganzer Schoulzäit. Just d’Reiefolleg, wéi déi zwou Sprooche geléiert ginn, ass ëmgedréint.
Momentan gesäit de Léierplang vir, dass d’Alphabetiséierung an deenen zwou Sproochen (Däitsch a Franséisch) innerhalb vun zwee Joer muss ofgeschloss sinn. Fir déi eng heescht dat: wat méi Franséisch am Ufank, also am Cycle 2, wat duerno méi Däitsch am Cycle 3. A fir déi aner: méi Däitsch am Ufank an da méi Franséisch. Am Cycle 3 läit de Fokus méi op där zweeter Sprooch an et kommen an där jeeweileger Sprooch méi Unterrechtsunitéiten derbäi. Esou kënne sech d’Schülerinnen an d’Schüler déi néideg Kompetenzen an deenen zwou Sproochen uneegnen, déi se dann am Cycle 4 zesummen an hirer Klass weiderentwéckelen.
D’ALPHA-FR-Grupp kënnt schonn am Cycle 2 mëndlech mat Däitsch a Kontakt. Am Cycle 3 gëtt d’däitsch Sprooch méi wichteg an d’Zuel vun den Unterrechtsunitéiten an der Alphabetiséierungssprooch hëlt of. Gläichzäiteg gëtt bei der ALPHA-DE-Grupp de Franséischunterrecht ausgebaut (d’nämmlecht wéi virun der Reform „ALPHA – zesumme wuessen“). Et ass essentiel, dass d’Alphabetiséierung an där Sprooch ufänkt, mat där d’Schülerinnen an d’Schüler am meeschte vertraut sinn. Ass dëse Prozess eriwwer, si se méi sécher a verfügen iwwer besser Fäegkeeten, fir weider Sproochen ze léieren. Fir déi Schülerinnen a Schüler, déi am Cycle 2 op Franséisch alphabetiséiert ginn a just begrenzt mat Däitsch a Kontakt kommen, wäert den Däitschunterrecht am Cycle 3 dank hirer Alphabetiséierung op Franséisch an hire gudde Lies- a Schreifkompetenzen am Franséische méi einfach sinn, ewéi dat virun der Reform de Fall war. Ausserdeem sinn am Cycle 3 méi Unterrechtsunitéite fir Däitsch ewéi fir Franséisch virgesinn (pro Woch siwen Unitéite fir Däitsch a fënnef Unitéite fir Franséisch).
De Sënn heivun ass, am Laf vun de Cyclen e sproochlecht Gläichgewiicht ze schafen a gläichzäiteg den individuelle Léierrhythmus vun all Schülerin a Schüler ze respektéieren.
Ab dem Cycle 3 gëtt an all Grupp den Unterrecht an där Sprooch intensivéiert, déi net fir d’Alphabetiséierung gewielt gouf: D’Schülerinnen an d’Schüler aus der ALPHA-FR-Grupp maache méi Däitsch an d’ Schülerinnen an d’Schüler aus der ALPHA-DE-Grupp méi Franséisch.
Am Cycle 4 ginn et keng ALPHA-Gruppe méi an d’Schülerinnen an d’Schüler léieren an all de Fächer zesumme mat hirer Klass. Am Cycle 4 sollen d’Kompetenzen a béide Sprooche gefestegt ginn. Déi equilibréiert Opdeelung erméiglecht et all de Schülerinnen a Schüler, all d’Ziler ze erreechen, déi duerch d’Kompetenzsockelen am Léierplang definéiert sinn.
Mat der Reform „ALPHA – zesumme wuessen“ sollen d’Schülerinnen an d’Schüler beschtméiglech op d’Realitéit zu Lëtzebuerg grad ewéi op den Iwwergang an de Enseignement secondaire virbereet ginn. Dofir ass et ganz wichteg, dass se esouwuel am Franséischen ewéi och am Däitschen eng zolidd Basis hunn. D’Zil ass net, zwou separat Filièren an dëse Sproochen ze schafen, mee d’Alphabetiséierung an där Sprooch ze fërderen, mat där d’Schülerin oder de Schüler méi vertraut ass, an hir respektiv him ze hëllefen, Kompetenzen an deenen zwou Sproochen ze entwéckelen.
Effektiv goufe schonn an den Épstan-Tester ganz grouss Ënnerscheeder tëschent de Schülerinnen a Schüler um Enn vum Cycle 2 festgestallt – jee nodeem, wéi eng Sproochen an hirem familiären Ëmfeld geschwat ginn ((Nationaler Bildungsbericht 2024; Nationaler Bildungsbericht 2021).
Wéi den Titel vun der Reform „ALPHA – zesumme wuessen“ weist, geet et drëm, d’Méisproochegkeet ze fërderen an eng besser Mixitéit vun de Gruppen ze erreechen, andeem – iwwer d’Ënnerscheeder an der Alphabetiséierungssprooch eraus – gemeinsam Léierraim garantéiert ginn. D’Schülerinnen an d’Schüler wuessen zesummen an hirer Klass an treffen hir Komerode fir d’Däitscht a fir d’Franséischt, an eventuell och fir d’Mathé, an hirer jeeweileger Alphabetiséierungsgrupp. Dës Organisatioun fërdert d’Zesummeliewen a stäerkt d’sozial Kohäsioun ab deenen éischte Schouljoren.
Am Cycle 3 hunn d’Schülerinnen an d’Schüler, déi op Däitsch alphabetiséiert goufen, méi Franséisch, wärend d’Schülerinnen an d’Schüler mat Franséisch als Alphabetiséierungssprooch méi Däitsch hunn. De schrëftleche System (Liesen, Schreiwen) ze léieren, sief et op Däitsch oder op Franséisch, dauert am Cycle 2 vill méi laang.
D’Zil ass et, dass all d’Schülerinnen an d’Schüler um Enn vum Cycle 4 iwwer zolidd Basiskenntnisser esouwuel am Däitschen ewéi och am Franséische verfügen. D’Schülerinnen an d’Schüler sollen, onofhängeg vun hirer Alphabetiséierungssprooch, déi nämmlecht Kompetenzsockelen erreechen.
Wéi schonn ëmmer wäerte munch Schülerinnen a Schüler méi Fortschrëtter am Franséische maachen, wärend anerer besser mam Däitschen eens ginn.
Mat der Reform „ALPHA – zesumme wuessen“ soll erreecht ginn, dass all d’Schülerinnen an d’Schüler um Enn vum Cycle 4 béid Sprooche funktional an equilibréiert beherrschen. De groussen Defi ass, d’Niveausënnerscheeder, déi tëschent dem Franséischen an dem Däitschen um Enn vum Cycle 4 festgestallt ginn, an déi den ÉpStan-Donnéeën no momentan bei duerchschnëttlech iwwer 100 Punkte léien, auszegläichen.
Dat heescht net, dass all Schülerin oder Schüler an deenen zwou Sprooche genee dee selwechten Niveau muss hunn. Mee all Schülerin oder Schüler soll, onofhängeg vun hirem respektiv sengem Léierwee, gutt op den Enseignement secondaire virbereet ginn.
Nee. D’Kompetenzsockelen, déi erreecht musse ginn, goufen net geännert. All d’Schülerinnen an d’Schüler hunn déi nämmlecht Ziler, d. h. gutt Kompetenzen am Däitschen an am Franséischen um Enn vun der Grondschoul. Jee no Alphabetiséierungssprooch gi verschidde Programmer ugepasst, fir dass all Schülerin a Schüler dës Ziler erreeche kann.
Am Cycle 1 ginn all d’Schülerinnen an d’Schüler op hir Alphabetiséierungssprooch – sief dat Däitsch oder Franséisch – virbereet. Fir Schülerinnen a Schüler, déi op Däitsch alphabetiséiert ginn, bleift an de Cyclen 2, 3 a 4 alles d’nämmlecht wéi bis elo. Fir op Franséisch alphabetiséiert Schülerinnen a Schüler ginn d’Sproochen an de Cyclen 2 an 3 getosch, d’Sockelen ännere sech net. Am Cycle 4 ginn d’Schülerinnen an d’Schüler nees zesummegeluecht – mam Zil, déi nämmlecht Kompetenzniveauen ewéi bis elo ze erreechen.
An der Praxis wäerten natierlech net all d’Schülerinnen an d’Schüler an deenen zwou Sproochen deen nämmlechten Niveau erreechen. Dat war och virdrun net de Fall an ass och net bei all Schülerin a Schüler realisabel. Et geet een dovun aus, dass d’Schülerinnen an d’Schüler mat Franséisch als Alphabetiséierungssprooch um Enn vum Cycle 4 besser Franséisch kënnen, mee och e besseren Niveau am Däitschen hunn, ewéi dat momentan de Fall ass.
Vun de Schülerinnen a Schüler mat Däitsch als Alphabetiséierungssprooch gëtt erwaart, dass se um Enn vum Cycle 4 an deenen zwou Sprooche mindestens deen nämmlechten Niveau hunn ewéi virun der Reform „ALPHA – zesumme wuessen“.
Am Kader vun der Reform „ALPHA – zesumme wuessen“ gëtt weeder vun Zweetsprooch nach vu Friemsprooch geschwat. All Schülerin oder Schüler léiert ab dem Cycle 2 Däitsch a Franséisch – an zwar an engem System mat enger kohärenter Méisproochegkeet. D’Zil ass et, dass all d’Schülerinnen an d’Schüler bis um Enn vum Cycle 4 (onofhängeg vun hirer Alphabetiséierungssprooch) zolidd Kompetenzen an deenen zwou Sproochen entwéckelen.
Eng Schülerin oder e Schüler léiert eng Sprooch als Friemsprooch, wann dës Sprooch an engem systemateschen a strukturéierte Kontext geléiert gëtt (normalerweis an engem Sproochecours) a wa se generell net an hirem respektiv sengem Ëmfeld – also ausserhalb vum Sproochecours – benotzt gëtt. Well an dësem Fall hunn d’Schülerinnen an d’Schüler keng Méiglechkeet, d’sproochlech Kompetenzen, déi si am Sproochecours grad léieren oder scho geléiert hunn, a Situatiounen am Alldag unzewenden. Dat heescht, se kënnen deemno net vun engem implizitte Léierprozess profitéieren.
Eng Schülerin oder e Schüler léiert eng Sprooch als Zweetsprooch, wann dës Sprooch an hirem respektiv sengem Ëmfeld benotzt gëtt a se also och ausserhalb vum Sproochecours geléiert gëtt. Op dës Manéier kënnen hir respektiv seng Kenntnisser vill méi ausgibeg verdéift ginn.
Opgrond vun der Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg, déi vu Schüler zu Schüler a vu Fall zu Fall ënnerschiddlech ass, kann een net kloer soen, ob d’Sproochen als Friemsprooch oder als Zweetsprooch léiert ginn.
Dank der Reform „ALPHA – zesumme wuessen“ gëtt och méi lëtzebuergesch an de sougenannten Niewefächer geschwat. Esou verbesseren d’Schülerinnen an d’Schüler hir Lëtzebuergeschkompetenzen, wat de Sproochtransfer vum Lëtzebuergeschen an d’Däitscht op alle sproochlechen Niveaue fërdert an esou d’Däitschkompetenzen am Allgemenge festegt. D’Lëtzebuergescht wäert deemno e positiven Afloss op d’Léieren an d’Verdéiwe vum Däitschen hunn.
Wann am Kader vun der Reform „ALPHA – zesumme wuessen“ déi Kanner, déi op Franséisch alphabetiséiert ginn, méi mat Lëtzebuergesch a Kontakt kommen, da wäert dat e wichtege positiven Afloss op d’Léiere vum Däitschen hunn.
D’Zil ass et, en equilibréierte Fortschrëtt an deenen zwou Sproochen ze erreechen a fréier Ënnerscheeder auszegläichen. Esou kënnen all d’Schülerinnen an d’Schüler mat engem zolitte Fong an de Cycle 4 starten, onofhängeg vun hirem Léierwee..
Mat dem Zil, d’Alphabetiséierung um Enn vum Cycle 2 ofzeschléissen, gesäit déi aktuell Legislatioun fir dëse Cycle zéng Unterrechtsunitéite pro Woch fir déi follgend Beräicher vir:
d’Alphabetiséierung (op Franséisch oder op Däitsch),
d’Léiere vun der Alphabetiséierungssprooch,
en éischte mëndleche Kontakt mat där anerer Sprooch,
eng Ëffnung fir Sproochen.
An dëser Phas konzentréiere sech d’Schülerinnen an d’Schüler deemno haaptsächlech op hir Alphabetiséierungssprooch – Franséisch fir déi eng, Däitsch fir déi aner – a kréie gläichzäiteg eng mëndlech Aféierung an déi jeeweils aner Sprooch.
Am Cycle 3 gëtt en neien Equiliber hiergestallt:
Déi Schülerinnen a Schüler, déi op Franséisch alphabetiséiert ginn, hu méi Unitéiten am Däitschen.
Déi Schülerinnen a Schüler, déi op Däitsch alphabetiséiert ginn, hu méi Franséischunterrecht.
Dës zousätzlech Unitéiten an där zweeter Sprooch erméiglechen et, d’Kompetenzen an deenen zwou Sproochen ze festegen. Esou verfügen um Enn all d’Schülerinnen an d’Schüler iwwer déi néideg Basis, fir am Cycle 4 zesumme weiderzeléieren.
D’Eltere ginn de ganzen Orientéierungsprozess iwwer enk begleet, virun allem unhand vun Informatiounsversammlungen a perséinleche Gespréicher mat dem Léierpersonal wärend de Bilansgespréicher. Soss si keng weider Reunioune virgesinn, wat de Choix vun der Alphabetiséierungssprooch ugeet. D’Léierpersonal hëlleft den Eltere bei hirem Choix, déi richteg Alphabetiséierungssprooch unhand vun de reelle Sproochkompetenze vum Kand, an net unhand vu perséinlechen oder soziale Preferenzen, ze wielen.
D’Léierpersonal spillt bei der sproochlecher Orientéierung eng zentral Roll. Am Kader vun hire Concertatioune bewäert d’pedagogesch Ekipp d’Sproocheprofiller vun de Schülerinnen a Schüler a recommandéiert fir all Kand eng Alphabetiséierungssprooch, déi am beschte gëeegent ass. D’Léierpersonal benotzt strukturéierend Hëllefsmëttelen (Questionnaire, Lëscht mat Krittären, praktesche Guide), fir d’Elteren am Kader vun den Bilansgespréicher beim Choix vun der Alphabetiséierungssprooch ze begleeden.
Dat individuellt Gespréich am fënneften Trimester ass deemno e wichtege Schratt an dësem Entscheedungsprozess. Et erméiglecht dem/der Titulaire als Vertriedung vun der pedagogescher Ekipp, den Elteren eng aktuell Bewäertung vum Léierniveau a vun der Entwécklung vun hirem Kand ze ginn an eng Alphabetiséierungssprooch ze recommandéieren.
Heiansdo ginn Decisiounen duerch perséinlech oder gesellschaftlech Iwwerleeunge beaflosst. An dëse Fäll muss d’Léierpersonal den Dialog nees op déi tatsächlech Besoine vum Kand an op déi konkret Konsequenzen, déi de Choix vun der Alphabetiséierungssprooch huet, ausriichten. D’Zil ass et, den Elteren e kohärente Wee ze weisen, dee fir de schoulesche Succès vun hirem Kand dee richtegen ass. D’Schülerinnen an d’Schüler sollen d’Méiglechkeet kréien, sech d’Basiskompetenzen am Liesen, Schreiwen a Rechnen an där Sprooch unzëeegnen, déi am beschte bei hir Sproochkenntnisser an hiert sproochlecht Ëmfeld passt – sief et op Däitsch oder op Franséisch. Zu dëse Gespréicher kënnen och weider Fachleit aus dem edukative Beräich invitéiert ginn, zum Beispill d’spezialiséiert Léierpersoun fir Schülerinnen a Schüler mat spezifesche Besoine (institutrices et instituteurs spécialisé(e)s dans la scolarisation des élèves à besoins éducatifs spécifiques, I-EBS), e Member vun der pedagogescher Ekipp aus dem Cycle 1 oder e Member vum Léierpersonal aus dem Cycle 2.
Nee. All Kand kann op Franséisch alphabetiséiert ginn, wann dës Sprooch am Kand sengem Alldag genuch present ass, fir eng effikass Léiersprooch ze sinn. Net d’Nationalitéit oder d’Sprooch vun den Eltere bestëmmt de Choix, mee de Sproocheprofil vum Kand. D’Orientatioun geschitt am Dialog tëscht den Elteren an dem Léierpersonal – jee nom Kand senge sproochleche Kompetenzen an de(r) Familljesprooch(en) gemiess de beschriwwene Krittären. D’Recommandatioune vun der pedagogescher Ekipp hëllefen den Eltere bei hirem finale Choix.
All Kand huet e Recht op eng Alphabetiséierung op Franséisch. Et ass allerdéngs dovun ofzeroden, eng Alphabetiséierungssprooch ze wielen, déi méi wäit vum Kand senger Sozialisatiouns- oder Familljesprooch ewech ass – just fir eng Friemsprooch ze stäerken. D’Alphabetiséierung däerf net mat dem Léiere vun enger Sprooch verwiesselt ginn: Et handelt sech heibäi ëm e komplexe Prozess mat dem Zil, sech Basiskompetenzen am Liesen a Schreiwen unzëeegnen. Wat e Kand méi vertraut mat dëser Sprooch ass, wat et em méi liicht fält, mam Schreiwen unzefänken.
Am Prinzip ass den Elteren hir Decisioun fir eng Alphabetiséierungssprooch definitiv. A munche Fäll, zum Beispill bei Schülerinnen a Schüler mat spezielle pedagogesche Besoinen (élèves à besoins éducatifs spécifiques, EBS) oder bei Kanner, déi rezent an d’Land komm sinn, ass eventuell méi eng flexibel Approche néideg. All Demande fir eng Ëmorientéierung muss individuell evaluéiert ginn, am Aklang mat der Regionaldirektioun an eventuell op Basis vun engem Dossier, dee vun der Inklusiounskommissioun (commission d’inclusion, CI) validéiert gouf.
Den Orientéierungsfroebou en vue vun der Alphabetiséierungssprooch ass en Hëllefsmëttel fir d’Léierpersonal a fir d’Elteren. Goufen hei d’Informatiounen iwwer dem Kand seng Sproochkompetenze grad ewéi iwwer de Sproochgebrauch a senger Famill an a sengem Ëmfeld agedroen, da léisst sech normalerweis eng Tendenz erkennen. Ka keng kloer Orientéierung festgestallt ginn, da gi weider Krittäre berécksiichtegt, zum Beispill d’Sprooch, déi d’Kand wielt, wann Aktivitéiten op Däitsch a Franséisch ugebuede ginn, oder a wéi enger Sprooch seng Elteren him am beschten hëllefe kënnen.
Däitsch ass eng germanesch Sprooch a mat dem Lëtzebuergeschen, Engleschen an Hollännesche Famill. Dës Sproochen hunn déi nämmlecht Wuerzelen, virun allem beim Vocabulaire a bei bestëmmte grammatikalesche Strukturen. Franséisch allerdéngs ass eng romanesch Sprooch, déi mam Italieeneschen, Spueneschen, Portugiseschen a Rumänesche Famill ass. Dës Sprooche stame vum Laténgeschen of an hunn Änlechkeeten a punkto Grammaire a Vocabulaire. En Iwwerbléck iwwer d’europäesch Sproochefamillje kritt d’Léierpersonal mat dem Sproochebam, deen op dem Modell vum Europäeschen Zenter fir modern Sproochen (ECML) baséiert.
All Fall gëtt individuell analyséiert, mat der Begleedung an Ënnerstëtzung vun den ESEB-Ekippen.
Wat d’Alphabetiséierung ugeet, gëllt Däitsch opgrond vun der gréisserer Kongruenz tëschent de Lauter (Phoneem) an de Buschtawen (Grapheem) oft als méi einfach ewéi Franséisch. An effektiv ass déi däitsch Orthographie méi reegelméisseg ewéi déi franséisch. Et ass am Allgemenge méi einfach ze verstoen, wéi eng Lauter bei wéi eng Buschtawe passen. Dat mécht d’Liesen- a Schreiweléiere méi einfach, och wann et bestëmmten Ausname gëtt.
An der Alphabetiséierungsphas orientéiert sech d’Schülerin oder de Schüler beim Schreiwen un de Lauter, déi si oder hien héiert. Opgrond vun der méi reegelméisseger Kongruenz tëschent de Lauter an de Buschtawen ass et mat Däitsch an dëser Phas méi einfach, orthographesch generell méi richteg ze schreiwen (70 % vun de Wierder gi richteg geschriwwen, wann d’Phoneem-Grapheem-Kongruenz berécksiichtegt gëtt). Mat Franséisch ass dës Phas wéinst de sëllege phonographeschen Onreegelméissegkeete méi schwéier. Dowéinst läit den Undeel vun de richteg geschriwwene Wierder bei just zirka 50 %. Dës Zuelen (70 % fir Däitsch, 50 % fir Franséisch) sinn allgemeng Schätzungen, bei deenen esouwuel d’phonographesch Reegelen ewéi och d’Ënnerscheeder bei méisilbege Wierder, d’Kontexter an d’Ausname berécksiichtegt ginn.
Wärend der Orthographiesphas geet dee Prozess weider: D’Schülerin oder de Schüler léiert heefeg Wierder auswenneg a went bestëmmten Orthographiesreegelen un. Däitsch bleift méi einfach, mat zirka 80 % vun de Wierder, déi ënner Berécksiichtegung vun der Phoneem-Grapheem-Kongruenz a vun den Orthographiesreegele richteg geschriwwe ginn. Am Franséischen, wou dës Reegele méi komplex a manner transparent sinn, läit dës Zuel bei zirka 60 %.
An der morpheemescher Phas schliisslech versteet d’Schülerin oder de Schüler dann, dass bestëmmte Wuertelementer (d’Morpheemen) beim Schreiwe musse bäibehale ginn, och wa sech hir Aussprooch ännert. Dëst dréit weider dozou bäi, d’Koherenz vun der Orthographie ze festegen. Am Däitschen ass et an dëser Phas méiglech, zirka 90 % vun de Wierder richteg ze schreiwen, wann d’Phoneem-Grapheem-Kongruenz, d’Orthographiesreegelen an d’Morphologie vun de Wierder berécksiichtegt ginn. Am Franséische läit dësen Taux bei zirka 70 % (allgemeng Schätzungen).
D’franséisch Orthographie ass deemno méi komplex a manner transparent. Vill Buschtawe si stomm, dat heescht, se ginn net ausgeschwat, an e Laut kann op verschidde Manéiere geschriwwe ginn.
Allerdéngs huet och d’Däitscht e puer speziell Schwieregkeeten, zum Beispill bei der Grammaire. Well tëschent Grouss- a Klengschreiwung ënnerscheet gëtt – virun allem de systematesche Gebrauch vu grousse Buschtawe fir Substantiver –, muss d’Schülerin oder de Schüler dëst fir d’éischt emol léieren. Besonnesch schwéier kënnen och d’Sujet-Verb-Kongruenz an d’Plaz vum Verb am Saz sinn.
Däitsch ass deemno phoneetesch an orthographesch gesi méi einfach, mee d’Grammairesreegele musse vun Ufank u streng applizéiert ginn. Franséisch op där anerer Säit ass, wat d’Sazstruktur ugeet, grammatikalesch méi stabil, mee vill Schülerinnen a Schüler hu Schwieregkeete mat der Orthographie.
De Choix vun der Alphabetiséierungssprooch hänkt net just vun de sproochleche Charakteristike vun all Sprooch of, mee och vum Kand sengem perséinleche Background: D’Familljesprooch, d’Ëmfeld an d’Kompetenzen, déi et sech schonn ugëeegent huet, spillen eng essentiel Roll, ob de Léierprozess reusséiert oder net, och bei Schülerinnen a Schüler mat spezielle pedagogesche Besoinen.
Melle sech Schülerinnen a Schüler aus enger Schoul am Ausland am Laf vun der Summervakanz un, dann erfollegt d’Orientéierung an eng Grondschoulklass entweeder duerch de „Service de l’intégration et de l’accueil scolaires“ (SIA, Service fir schoulesch Integratioun an Accueil) oder duerch d’Schoul an Ofstëmmung mat der zoustänneger Regionaldirektioun. D’Reform „ALPHA – zesumme wuessen“ bitt eng weider Méiglechkeet, dass en Deel vun de Schülerinnen a Schüler sech méi séier an de Schoulsystem integréiere kann.
Jo. Et kann allerdéngs Ausnamefäll ginn, an deenen dëst aus engem bestëmmte Grond net méiglech ass. Dës Situatioune mussen da vu Fall zu Fall iwwerpréift ginn. Gi sech déi gesetzlech Representanten net eens, da muss de Fall virum Familljegeriicht gekläert ginn.
D’Alphabetiséierung ass de Prozess, bei deem ee Liesen a Schreiwe léiert – Kompetenzen, déi et engem Mënsch erméiglechen, schrëftlech Texter ze verstoen an ze schreiwen. Se ass eng essentiel Basis fir den Accès zu Informatiounen a Bildung an d’aktiv Participatioun an der Gesellschaft. D’Alphabetiséierung fërdert d’kognitiv Entwécklung an d’verbal Kommunikatioun an enger bestëmmter Kultur. D’Alphabetiséierung däerf dowéinst net mat dem Léiere vun enger Sprooch verwiesselt ginn.
D’UNESCO schléit eng zäitgeméiss Definitioun vun Alphabetiséierung vir, déi iwwer de reng technesche Prozess, Liesen a Schreiwen ze léieren, erausgeet: „D’Alphabetiséierung ass haut ze verstoen als e Mëttel vun der Identifikatioun, vum Verstoen, der Interpretatioun, Gestaltung a Kommunikatioun an enger Welt, déi sech immens séier verännert, ëmmer méi digital an textbaséiert gëtt a voller Informatioune stécht. D’Alphabetiséierung ass de kontinuéierlechen a liewenslaange Prozess, bei deem ee Liesen, Schreiwen a Rechne léiert a beherrscht an Zuelen uwende kann. Si ass Deel vun engem méi breede Spektrum u Fäegkeeten, zu deenen digital Kompetenzen, Mediekompetenz, beruffsspezifesch Kompetenze gradewéi Kompetenzen a punkto nohalteg Entwécklung a Global Citizenship gehéieren.“ — UNESCO, Understanding Literacy (17. Abrëll 2025)
An dësem Kontext ass d’Alphabetiséierung an enger Sprooch, déi d’Kand gutt versteet, eng wichteg Basis fir dat weidert Léieren, d’sozial Integratioun an de schoulesche Succès. Hei geet et net just drëm, Reegelen ze léieren. Grad esou wichteg ass den Opbau vu komplexen, iwwerdrobaren an evolutive Kompetenzen.
Nee. Den Unterrecht ass weider an de Klassen, mee wärend den Aktivitéiten, déi de Schülerinnen a Schüler ugebuede ginn, gëtt déi vun den Eltere gewielten Alphabetiséierungssprooch berécksiichtegt. Ab deem Moment, wou d’Decisioun fir eng Orientéierung gefall ass, gi Sproochenaktivitéiten an all Alphabetiséierungssprooch ugebueden. Dëst geschitt awer net forcement a getrennte Gruppe mat zwee Enseignanten. Wat d’Klass an d’pedagogesch Ekipp ugeet, bleift eng gewëssen organisatoresch Flexibilitéit bestoen.
Bei der Zesummesetzung vun de Klassen ass d’Mixitéit dee wichtegste Prinzip (Erklärvideo). D’Schülerinnen an d’Schüler ginn onofhängeg vun hirer Alphabetiséierungssprooch gemëscht. Zu bestëmmten Zäite gi se allerdéngs zeréck an hir ALPHA-Gruppen, fir Liesen a Schreiwen ze léieren an hir Sproochkompetenze weiderzeentwéckelen. Mathé kann an der Klass oder och an den ALPHA-Gruppen enseignéiert ginn.
De Grondprinzip baséiert op der Opstellung vu gemëschte Klassen, an deene Schülerinnen a Schüler mat ënnerschiddlechen Alphabetiséierungssproochen zesumme léieren. Allerdéngs brauch et eng gewëss Flexibilitéit, zum Beispill a Situatiounen, an deenen d’Klassen ze kleng sinn, fir eng sproochlech Mixitéit ze garantéieren.
Wann also all d’Klasse vun engem Cycle ausschliisslech aus Schülerinnen a Schüler bestinn, deenen hir Eltere sech all fir déi nämmlecht Alphabetiséierungssprooch decidéiert hunn, da ginn all d’Schülerinnen an d’Schüler an dëser Sprooch alphabetiséiert.
A spezielle Situatiounen, an deene just ganz wéineg Schülerinnen a Schüler déi nämmlecht Alphabetiséierungssprooch gewielt hunn, sollt d’Opdeelung esou organiséiert ginn, dass de pedagogeschen Notzen an de Schülerinnen a Schüler hiert Wuelbefanne garantéiert bleiwen. Hunn zum Beispill an enger Schoul mat véier Klasse vum Cycle 2.1 just véier Schülerinnen a Schüler déi selwecht Alphabetiséierungssprooch gewielt, dann ass et besser, dës véier Schülerinnen a Schüler zesummen an eng gemëscht Klass ze integréieren. Mat dëser Organisatioun kann op där enger Säit evitéiert ginn, dass an all vun de véier Klassen eng eenzel Schülerin oder een eenzelne Schüler ugemellt gëtt; gläichzäiteg profitéiert och d’Léierklima heivun, well opgepasst gëtt, dass sech d’Schülerinnen an d’Schüler wuelfillen.
Am spezielle Fall, wou d’sproochlech Mixitéit net ënner optimale Konditioune garantéiert ka ginn, kënnen also net gemëschte Klassen aus Schülerinnen a Schüler zesummegesat ginn, déi sech all fir déi nämmlecht Alphabetiséierungssprooch decidéiert hunn.
D’Reform „ALPHA – zesumme wuessen“ gesäit keng homogeen Klasse mat just där enger oder där anerer Alphabetiséierungssprooch vir. D’Mëschung vun de sproochleche Léierweeër an enger Klass ass en essentielle Prinzip vun „ALPHA – zesumme wuessen“.
De Grondprinzip baséiert op der Opstellung vu gemëschte Klassen, an deene Schülerinnen a Schüler mat ënnerschiddlechen Alphabetiséierungssproochen zesumme léieren. Allerdéngs brauch et eng gewëss Flexibilitéit, zum Beispill a Situatiounen, an deenen d’Schülerzuel ze kleng ass, fir eng sproochlech Mixitéit ze garantéieren.
Wann also all d’Klasse vun engem Cycle ausschliisslech aus Schülerinnen a Schüler bestinn, deenen hir Eltere sech all fir déi nämmlecht Alphabetiséierungssprooch decidéiert hunn, da ginn all d’Schülerinnen an d’Schüler an dëser Sprooch alphabetiséiert.
A spezielle Situatiounen, an deene just ganz wéineg Schülerinnen a Schüler déi nämmlecht Alphabetiséierungssprooch gewielt hunn, sollt d’Opdeelung esou organiséiert ginn, dass de pedagogeschen Notzen an de Schülerinnen a Schüler hiert Wuelbefanne garantéiert bleiwen. Hunn zum Beispill an enger Schoul mat véier Klasse vum Cycle 2.1 just véier Schülerinnen a Schüler déi selwecht Alphabetiséierungssprooch gewielt, dann ass et besser, dës véier Schülerinnen a Schüler zesummen an eng gemëscht Klass ze integréieren. Mat dëser Organisatioun kann op där enger Säit evitéiert ginn, dass an all vun de véier Klassen eng eenzel Schülerin oder een eenzelne Schüler eng aner Alphabetiséierungssprooch huet wéi all déi aner; gläichzäiteg profitéiert och d’Léierklima heivun, well opgepasst gëtt, dass sech d’Schülerinnen an d’Schüler wuelfillen.
Am spezielle Fall, wou d’sproochlech Mixitéit net ënner optimale Konditioune garantéiert ka ginn, kënnen also net gemëschte Klassen aus Schülerinnen a Schüler zesummegesat ginn, déi sech all fir déi nämmlecht Alphabetiséierungssprooch decidéiert hunn. D’Regionaldirektiounen ënnerstëtzen d’Schoule bei der Ëmsetzung vun der Reform „ALPHA – zesumme wuessen“ am Interessi vun de Schülerinnen a Schüler.
Et ass keng Mindestzuel virgeschriwwen. Esouguer eng eenzel Schülerin oder een eenzelne Schüler huet d’Recht, an der gewielter Sprooch alphabetiséiert ze ginn. Am pedagogeschen Interessi vun der Schülerin oder dem Schüler kann envisagéiert ginn, Gruppen no Cyclen ze maachen. Dëst ass awer net obligatoresch.
Et kann een also och eng kleng ALPHA-Grupp maachen am Fall, wou d’Zuel vun de Schülerinnen a Schüler ze kleng ass. Aus organisatoreschen a pedagogesche Grënn sollten esou Situatiounen awer d’Ausnam bleiwen. D’Regionaldirektiounen ënnerstëtzen d’Schoule bei der Ëmsetzung vun der Reform „ALPHA – zesumme wuessen“ am Interessi vun de Schülerinnen a Schüler.
An der Mathé kënnen déi dräi Amstsproochen (Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch) als mëndlech Unterrechtssprooche benotzt ginn. Dës Flexibilitéit erméiglecht et dem Léierpersonal, den Unterrecht un de Schülerinnen a Schüler hir Besoinen an un de lokale sproochleche Kontext unzepassen.
Déi nei Bestëmmung suergt awer och fir eng Harmoniséierung vun der schrëftlecher Praxis. Esou gëtt beispillsweis definéiert, dass schrëftlech Erklärungen an Zukunft op Däitsch oder op Franséisch verfaasst musse ginn. Dëst garantéiert, dass all d’Schülerinnen an d’Schüler déi schrëftlech Inhalter verstinn, onofhängeg vun hirer Alphabetiséierungssprooch.
Jee nom Modell, fir dee sech d’Schoul decidéiert huet, ass dësen Unterrecht an zwou Forme méiglech:
an ALPHA-Gruppen (homogeen Sproochegruppen),
an der Klass, woubäi sech Däitsch a Franséisch ofwiesselen.
Dës zweet Optioun gëtt momentan am Kader vum Pilotprojet getest an erméiglecht et, d’Mixitéit an der Klass bäizebehalen.
Ab dem Cycle 4 gëtt Mathé systematesch an der Klass enseignéiert. Beim Schreiwe komme béid Sproochen (Däitsch a Franséisch) zum Asaz. Selbstverständlech kann d’Léierpersoun d’lëtzebuergesch Sprooch benotzen, fir zousätzlech Erklärungen ze ginn.
Jo. D’„MATHI“-Material, dat vum SCRIPT ausgeschafft gëtt, wäert an zwou Versiounen – op Däitsch a Franséisch – disponibel sinn, fir de Besoine vun deenen zwou ALPHA-Gruppe gerecht ze ginn. Esou ass – onofhängeg vun de Schülerinnen a Schüler hirem Léierwee– eng pedagogesch Kohärenz garantéiert.
Et gëtt recommandéiert, d’„MATHI“-Mathésbicher, déi momentan vum SCRIPT ausgeschafft ginn, ze benotzen. Dës wäerten, wann d’Reform op nationalem Plang am Cycle 2.1 lancéiert gëtt, op Däitsch a Franséisch disponibel sinn.
Geméiss dem Artikel 11 vum geännerte Gesetz vum 6. Februar 2009 iwwer d’Organisatioun vum Unterrecht am Fondamental ass et och méiglech, verschidde Léierbicher ze benotzen, wat awer net recommandéiert gëtt. Éier e säin Accord gëtt, muss de Schoulkommitee an deem Fall geméiss dem Artikel 40 vun dësem Gesetz iwwerpréiwen, ob dëst Material mam Léierplang konform ass, an assuréieren, dass d’Method wärend dem ganze Cycle eenheetlech ass.
An de Beräicher Mathematik, Éveil aux sciences, Human- an Naturwëssenschaften, Vie et société, Kierperausdrock, Psychomotorik, Sport a Gesondheet, ästhetesch, kreativ a kulturell Bildung, Konscht a Musek kënnen déi däi Amtssproochen (Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch) als mëndlech Unterrechtssprooche benotzt ginn. Dës Flexibilitéit erméiglecht et dem Léierpersonal, den Unterrecht un de Schülerinnen a Schüler hir Besoinen an un de lokale sproochleche Kontext unzepassen.
D’Schülerinnen an d’Schüler fänken am Cycle 1 un, Lëtzebuergesch ze léieren, respektiv baue Kenntnisser, déi se schonn hunn, aus. Lëtzebuergesch ass am Léierplang en eegestännegen Entwécklungs- a Léierberäich a gëtt an all de Cyclen am Fondamental enseignéiert. Nom Cycle 1 entwéckelen d’Schülerinnen an d’Schüler hir Kompetenzen an dëser Sprooch weider, andeem se am Lëtzebuergeschunterrecht an an de sougenannten Niewefächer lëtzebuergesch schwätzen. An dësen Entwécklungs- a Léierberäicher schwätzen d’Schülerinnen an d’Schüler lëtzebuergesch a liesen a schreiwen an hirer Alphabetiséierungssprooch.
Fir Schülerinnen a Schüler, déi nei am Land sinn, ze hëllefen, sech an de sougenannten Niewefächer wuelzefillen, ass et wichteg, reegelméisseg gëeegent visuell Hëllefsmëttelen ze benotzen, eng einfach a kloer Sprooch ze schwätze gradewéi kooperatiivt Léieren ze fërderen, bei deem sech d’Schülerinnen an d’Schüler géigesäiteg hëllefen.
Jo, den Artikel 11 ass och weider gëlteg. Dank dësem Artikel kënnen d’pedagogesch Ekippen d’Léiermaterial selwer wielen, woubäi de Léierplang an d’pedagogesch Kohärenz an der jeeweileger Schoul musse berécksiichtegt ginn.
Jo. Dat ganzt Léiermaterial fir d’Sproochen an d’Mathé wäert disponibel sinn, wann d’Reform „ALPHA – zesumme wuessen“ pro Cycle op nationalem Plang a Kraaft trëtt. D’Material fir de Mathésunterrecht ass op Däitsch an op Franséisch disponibel.
Jo. Dat ganzt schrëftlecht Material fir déi aner Entwécklungs- a Léierberäicher, déi net zu de Sprooche gehéieren („Éveil aux sciences“, „Vie et société“ etc.), wäert et op Däitsch a Franséisch ginn, fir dass d’Alphabetiséierungssprooch vun all Schülerin a Schüler respektéiert gëtt. Den Entwécklungs- a Léierberäich „Lëtzebuergesch“ gëtt weider just op Lëtzebuergesch enseignéiert.
Jo. Wat d’Schrëft ugeet, huet de SCRIPT eng eenheetlech redaktionell Linn decidéiert. An all de Léierbicher gëtt d’Drockschrëft benotzt. Trotzdeem kréien d’Schülerinnen an d’Schüler beim Schreiweléiere vun Ufank un och d’Schreifschrëft vermëttelt. Dat erméiglecht et, national an international pedagogesch Methoden ze berécksiichtegen a gläichzäiteg eng Kohärenz beim Material ze garantéieren.
Jo, eng speziell Formatioun gëtt elo schonn ugebueden: „ALPHA – zesumme wuessen“ am Cycle 1. Déi éischt Formatiounen „ALPHA – zesumme wuessen“ fir d’Léierpersonal vum Cycle 1 hunn am Mee 2025 ugefaangen. An dëser Formatioun soll d’Léierpersonal besser dorop virbereet ginn, d’Elteren am Orientéierungsprozess ze begleeden a Sproochenaktivitéiten ëmzesetzen, fir d’Schülerinnen an d’Schüler an hir Alphabetiséierungssprooch anzeféieren.
Doriwwer eraus kënnen Enseignante(ë)n am Cycle 1 individuell a geziilt Weiderbildunge wielen, fir sech op d’Ëmsetzung vun der Reform „ALPHA – zesumme wuessen“ ze preparéieren. Dës kënnen Deel vum uewe genannte Formatiounsprogramm sinn oder net.
D’Léierpersonal am Precoce ka sech fir all d’Formatiounen am Zesummenhang mat der Reform „ALPHA – zesumme wuessen“ umellen, virun allem fir Formatiounen, bei deenen de Fokus op dem phonologesche Bewosstsinn, der Aféierung an d’Sproochen an dem Prozess, den Elteren eng Alphabetiséierungssprooch ze recommandéieren, läit.
Et gi speziell Formatiounen an e Parcours de formation fir dat ganzt Léierpersonal. Och si Formatioune fir d’Schoulkommiteeën an d’ESEB- Ekippe (équipe de soutien des élèves à besoins éducatifs spécifiques) geplangt.
Zanter dem Schouljoer 2024/25 sinn am Stage fir d’Ersatzléierpersonal Modüller integréiert.
Jo, bei Bedarf gi speziell Formatioune fir dat ganzt Léierpersonal ugebueden. Och wann eng Léierpersoun ursprénglech keng speziell Formatioun fir d’Alphabetiséierung op Franséisch huet, ka se trotzdeem an enger ALPHA-FR-Grupp enseignéieren. Fir déijéineg, déi sech nach net sécher genuch fillen oder net gutt genuch preparéiert sinn, ginn et Weiderbildungsméiglechkeeten, fir hir Kenntnisser auszebauen.
Nee, d’Formatioune sinn net obligatoresch.
Nee. D’Reform „ALPHA – zesumme wuessen“ ännert näischt un der Berechnungsmethod vun de Kontingenter. D’Zuel vun de Schülerinnen a Schüler pro Klass bleift deemno änlech ewéi virun der Reform. D’Opdeelung tëschent den ALPHA-DE- an den ALPHA-FR-Gruppe kann allerdéngs vu Joer zu Joer änneren.
Net onbedéngt. D’Berechnung vun de Kontingenter bleift d’selwecht. Et kann allerdéngs sinn, dass munch Schoule jee no Alphabetiséierungssprooch vun de Schülerinnen a Schüler zousätzlech Raim a Kontingenter brauchen, fir d’ALPHA-DE- an d’ALPHA-FR-Gruppen ariichten ze kënnen. Schonn e klenge Sall geet oft duer.
Fir de Fall, dass beim Ausschaffe vun der Schoulorganisatioun ënner Berécksiichtegung vun den neie Bestëmmunge vum geännerte groussherzogleche Reglement vill méi e grousse Besoin u Ressourcë festgestallt gëtt, kann d’Gemeng gemiess Artikel 38 vum geännerte Gesetz vum 6. Februar 2009 iwwer d’Organisatioun vum Grondschoulunterrecht gradewéi geméiss Artikel 8 vum geännerte groussherzogleche Reglement vum 18. Februar 2010 iwwer d’Bestëmmung vun de Modalitéite fir d’Festsetze vum Kontingent fir d’Gemengen an d’Schoulen eng Demande fir aussergewéinlech Besoine maachen.
D’Ëmsetzung vun der Reform „ALPHA – zesumme wuessen“ ass a gréissere Schoule mat méi ewéi enger Klass pro Joergang an enger gréisserer Zuel vun Acteure méi einfach.
A klenge Schoulen, an deenen net all d’Klassen duebel enseignéiert ginn, kann d’Ëmsetzung, wat d’Infrastruktur ugeet, e bësse méi komplizéiert sinn an et musse méiglecherweis zousätzlech Kontingenter bereet gestallt ginn.
Jo, d’Organisatioun vum Sproochenunterrecht (a meeschtens och vum Mathésunterrecht) an den ALPHA-DE- an an den ALPHA-FR-Gruppen erfuerdert eng gewëss Koordinatioun. Dat heescht, dass gemeinsam Unterrechtszäiten ageriicht musse ginn – mat allerdéngs engem gewësse Spillraum fir aner Entwécklungs- a Léierberäicher.
D’Alphabetiséierungssprooch, déi am Cycle 1 gewielt gouf, gëtt weiderhi respektéiert. D’Schülerin oder de Schüler fiert mat hirem respektiv sengem Bildungswee an där selwechter Alphabetiséierungssprooch weider. D’Reform „ALPHA – zesumme wuessen“ garantéiert d’Recht op e kohärente Bildungswee an deenen zwou Sproochen am ganze Land. Am Fall, wou eng Schülerin oder e Schüler an eng aner Schoul wiesselt oder an eng aner Gemeng plënnert, suergen d’Regionaldirektiounen no Récksprooch mat där anerer Schoul dofir, dass d’Schülerin oder de Schüler an där neier Schoul oder Gemeng an eng deementspriechend ALPHA-Grupp integréiert gëtt.
De Choix vun der Klass ënnerläit weider de Reegelen, déi an där jeeweileger Gemeng gëllen, virun allem dem Reglement iwwer d’Besetzung vun de Posten (Règlement d’occupation des postes, ROP). D’Zesummesetzung vun de pedagogeschen Ekippe soll d’pedagogesch Stabilitéit a Kontinuitéit gradewéi eng héichwäerteg schoulesch Bildung assuréieren.
D’Titulairë behalen hir Funktioun a bleiwen d’Uspriechpersoun fir d’ Schülerinnen an d’Schüler an hir Elteren. Wéi an der Vergaangenheet ass et weider d’Aufgab vum Schoulkommitee – ënner Berécksiichtegung vun de Modalitéiten, déi all Joer an der „Lettre circulaire de printemps” definéiert ginn –, e Virschlag fir d’Schoulorganisatioun auszeschaffen. Fir de Schülerinnen a Schüler e vertrauensvolle Kader ze bidden, sollt d’Zuel vun den Acteure pro Klass op en absolutte Minimum limitéiert ginn.
D’Bilansgespréicher gi vun den Titulairë vum jeeweilege Cycle als Vertriedung vun der pedagogescher Ekipp geféiert. Am Cycle 1 sinn dëst d’Titulairë, déi d’ Schülerinnen an d’Schüler am Cycle 1.2 begleeden an eng zentral Roll am Orientéierungsprozess fir d’Alphabetiséierungssprooch spillen. Jee no Besoin kënne weider Fachleit aus dem edukative Beräich erugezu ginn, zum Beispill d’spezialiséiert Léierpersoun fir Schülerinnen a Schüler mat spezifesche Besoine (institutrices et instituteurs spécialisé(e)s dans la scolarisation des élèves à besoins éducatifs spécifiques, I-EBS) oder e Member vum Léierpersonal aus dem Cycle 2.
An de Cyclen 2 bis 4 huelen d’Titulairë bei all de Schülerinnen a Schüler an hirer Klass un de Bilansgespréicher deel. Deemno dierft d’Zuel vun de Bilansgespréicher pro Titulaire am Prinzip net eropgoen. Et steet hinne fräi, un de Bilansgespréicher vun all de Schülerinnen a Schüler, fir déi se responsabel sinn, deelzehuelen. D’Organisatioun vun de Gespréicher iwwer d’Tëschebilanze gëtt innerhalb vun der pedagogescher Ekipp beschwat a festgeluecht. Zil ass et, e globalen Iwwerbléck iwwer de Schülerinnen a Schüler hir Kompetenzen ze garantéieren, fir hire schoulesche Parcours beschtméiglech unzepassen.
Bei der schoulescher Organisatioun mussen d’Ënnerscheeder bei den Zuele vun de Schülerinnen a Schüler berécksiichtegt an ausgläichend Mesuren ageplangt ginn, fir d’Besoine vun all de Schülerinnen a Schüler ze berécksiichtegen. Déi momentan Schoulorganisatioun ka keng vergläichbar Aarbechtskonditioune fir all d’Membere vun der Schoulgemeinschaft garantéieren. Weeder sinn an all de Klassen d’nämmlecht vill Schülerinnen a Schüler, nach sinn all d’Klassen d’nämmlecht komplex – eng Situatioun, déi et schonn ëmmer gouf.
Beim Choix vun der Klass ännert sech näischt. En ënnerläit dem aktuelle Reglement iwwer d’Besetzung vun de Posten (Règlement d’occupation des postes, ROP). An de Cyclen 2 an 3 muss awer preziséiert ginn, ob et sech ëm eng ALPHA-DE- oder eng ALPHA-FR-Grupp handelt. D’Gemenge si gemiess dem ROP fir d’Organisatioun vun de Klassen zoustänneg.
D’Regionaldirektiounen hunn d’Aufgab, d’Schoule bei der Preparatioun op d’Reform „ALPHA – zesumme wuessen“ ze ënnerstëtzen. Se begleede se bei der Analys vun de Sproochprofiller a bei der Preparatioun vun der Schoulorganisatioun. Heibäi berécksiichtege se virun allem de méiglechen zousätzleche Besoin a punkto Infrastruktur a Personal.
Nee. All d’Schülerinnen an d’Schüler léiere progressiv déi zwou Sproochen. Schülerinnen a Schüler mat Franséisch als Alphabetiséierungssprooch hunn am Cycle 3 méi Däitschunterrecht ewéi déi aner. Op dës Manéier solle si d’Méiglechkeet kréien, den nämmlechte Sproochenniveau ze erreechen. Dës Schülerinnen a Schüler entwéckelen hir Däitschkenntnisser wärend der ganzer Zäit an de Cyclen 2 bis 4. D’Schülerinnen an d’Schüler ginn hire Fäegkeeten an Ziler entspriechend op den Enseignement secondaire preparéiert. Ënnerschiddlech sproochlech Offeren am Enseignement secondaire, wéi d’ALLET-Klassen (Däitsch als Friemsprooch) oder d’frankophon Klassen, erméiglechen all Schülerin a Schüler eng Schoulzäit, déi hirem respektiv sengem Profil entsprécht.
D’Reform „ALPHA – zesumme wuessen“ betrëfft de Fondamental. D’Zil ass et, ze garantéieren, dass d’Schülerinnen an d’Schüler de Cycle 4 mat de Basiskompetenzen am Franséischen an am Däitschen ofschléissen, déi fir hire weidere schoulesche Parcours an de verschiddenen ëffentleche Lycéeën zu Lëtzebuerg néideg sinn. Dowéinst si keng spezifesch Upassunge fir den Enseignement secondaire am Kader vun dëser Reform „ALPHA – zesumme wuessen“ virgesinn.
Allerdéngs ginn et scho Gespréicher mat de ministerielle Servicer, de Lycéesdirektiounen an den zoustännegen nationale Programmkommissiounen driwwer, wéi eng mëttelfristeg Impakter d’Reform op de Enseignement secondaire wäert hunn.
Elo scho ginn et am Enseignement secondaire méi speziell Offeren, fir Schülerinnen a Schüler mat ënnerschiddleche Sproocheprofiller ze fërderen: ALLET-Klassen, Français PLUS, franséischsproocheg Klassen etc. Dës Mesurë sollen d’Kontinuitéit vum Bildungswee garantéieren an zum Erfolleg vun all de Schülerinnen a Schüler bäidroen.
Verschidde virbereedend Mesurë kënne schonn elo ëmgesat ginn, wéi zum Beispill Echangen iwwer déi zukünfteg schoulesch Organisatioun, eng Aféierung an d’Analys vun de Sproocheprofiller oder och d’progressiv Integratioun vu gëeegentem didakteschem Material. Dëst dréit dozou bäi, d’Ekippen ze sensibiliséieren an e Reflexiounsprozess ze lancéieren.
Doriwwer eraus ass et wichteg, dass d’Léierpersonal méi fir d’phonologescht Bewosstsinn am Cycle 1 sensibiliséiert gëtt an dass et d’SILA-Léiermaterial benotzt, well dës Elementer essentiel fir d’Reform „ALPHA – zesumme wuessen“ sinn.
D’regional Schouldirektioune spillen och eng wichteg Roll: Si begleeden d’Schoulen an d’pedagogesch Ekippen, äntweren op de Schoulkommiteeën an de Gemengen hir Froen a punkto Kontingenter an Infrastruktur an encouragéieren d’Léierpersonal, un de Formatiounenvum IFEN deelzehuelen.
Schliisslech ass et ganz weesentlech, d’Léierpersonal am Cycle 1 no an no op de sproochlechen Orientéierungsprozess an déi néideg Observatioune virzebereeden. Duerch eng besser Kommunikatioun an Zesummenaarbecht tëschent de Presidentinnen a Presidenten, de Koordinatore vun deenen eenzele Cyclen an dem Léierpersonal kënne si sech effikass op d’Erausfuerderunge vun der Reform „ALPHA – zesumme wuessen“ virbereeden.
Jo. Déi zwee Alphabetiséierungsweeër (Däitsch a Franséisch) goufen am neie Léierplang am Sënn vun der Reform „ALPHA – zesumme wuessen“ integréiert – virun allem duerch eng Upassung bei der Verdeelung vun de Sproochkompetenzen an den Inhalter vun de verschiddenen Entwécklungs- a Léierberäicher.
Opgrond vun der sproochlecher Diversitéit zu Lëtzebuerg brauch et eng méi differenzéiert Äntwert op d’Sproocheprofiller vun de Schülerinnen a Schüler, fir d’Chancëgläichheet vun all de Schülerinnen a Schüler ze garantéieren. Mat der Reform „ALPHA – zesumme wuessen“ soll erreecht ginn, dass all Schülerin a Schüler ab deem Moment, wou si respektiv hie mat der Schoul ufänkt, en zougänglechen a motivéierenden Unterrecht ugebuede kritt.
Dialog an Transparenz sinn essentiel. D’Schoulkommiteeën, d’Regionaldirektiounen an d’Gemenge verfügen iwwer Kommunikatiounsmëttelen, pedagogesch Argumenter a Beispiller aus dem Pilotprojet, mat deenen d’Grënn an d’Ziler vun der Reform „ALPHA – zesumme wuessen“ erkläert kënne ginn. Et geet drëm, op Suergen a Bedenken anzegoen a gläichzäiteg d’Prinzippie vun der Reform „ALPHA – zesumme wuessen“ ze verdäitlechen. All gréisser Verännerung kann d’office Ängschten an Doutten, ob d’Verännerung iwwerhaapt sënnvoll ass, ausléisen.
Just duerch eng oppen a konstruktiv Kommunikatioun kënne Suergen ofgebaut, d’Akzeptanz gefërdert, konkreet Avantagen ervirgehuewen an eventuell Malentenduen oder Falschinformatiounen aus dem Wee geraumt ginn.
Den IFEN organiséiert eng Panoplie vu Formatiounen, fir d’Léierpersonal op d’Reform „ALPHA – zesumme wuessen“ ze preparéieren.
Nee, lëtzebuergesch Schülerinnen a Schüler wäerte keng Nodeeler hunn. Hire schoulesche Parcours bleift d’nämmlecht ewéi virdrun.
Am Géigendeel! Se profitéiere villäicht esouguer vun enger besserer Dynamik an der Klass, well hir Matschülerinnen a -schüler, deenen Däitsch méi schwéierfält, an de sougenannten Niewefächer méi motivéiert sinn. Dëst kéint d’Interaktioune beräicheren an den Zesummenhalt an der Klass stäerken.