
Eng Delegatioun vun Deputéiert aus der zoustänneger Chamberkommissioun hunn den 18. November 2025 d’Pilotschoul Deich zu Diddeleng am Kader vum Projet “ALPHA – zesumme wuessen” besicht.
Wärend der Visitt hunn d’Deputéiert sech e Bild vun de pedagogeschen Innovatioune gemaach, déi zanter dem Start vum Pilotprojet ëmgesat ginn. Besonnesch am Mëttelpunkt stoungen déi nei Approchen am Alphabetiséierungs- a Sproochentwécklungsunterrecht, déi dorops ausgeriicht sinn, Kanner mat verschiddene Sproochhannergrënn besser ofzehuelen.
D’Enseignanten hu konkret Beispiller aus dem Alldag gewisen an erkläert, wéi “ALPHA – zesumme wuessen” dozou bäidréit, d’Kompetenze vun de Schülerinnen a Schüler geziilt ze stäerken. D’Deputéiert hunn dobäi och de konstruktiven Austausch mat den Enseignanteë gesicht.