Déi national Elterevertriedung war den 8. Oktober 2025 op enger offizieller Visitt an der Fielser Schoul, fir sech e konkreten Abléck an den Alldag an d’Léiermethoden am Kader vum Projet “ALPHA – zesumme wuessen” ze verschafen. Do konnten d’Elterevertrieder observéieren, wéi déi nei sproochlech Approchen am Unterrecht agesat ginn an haten d’Méiglechkeet sech mat den Enseignanten, dem Regionaldirekter a Membere vum Koordinatiounsgrupp vum Projet auszetauschen.