Wéinst der grousser Nofro an der Participatioun vu méi wéi 500 Léierpersoune bei der éischter Editioun gëtt den 28. Abrëll 2026 am Athénée eng weider national Journée „ALPHA – zesumme wuessen“ organiséiert. D’Veranstaltung riicht sech un d’Léierpersounen aus dem Cycle 1 souwéi un d’Coordinatricen a Coordinateure vum Cycle 2.
Well och déi interregional Weiderbildunge fir de Cycle 1 am Zentrum an am Süde komplett ausgebucht waren, gëtt de 16. Abrëll 2026 am Lycée Josy Barthel zu Mamer en zousätzlechen Datum ugebueden.