
De Vademecum ass elo disponibel. Dëst Referenzdokument begleet d’Ëmsetzung vun der Reform „ALPHA – zesumme wuessen“ a riicht sech un all Actricen an Acteuren am schoulesche Beräich.
Kloer a schrëttweis opgebaut erkläert de Vademecum de generelle Kontext vun der Reform, hir Ziler, souwéi déi gesetzlech Grondlagen an déi concernéiert Acteuren. Duerno gëtt d’konkret Ëmsetzung vun der Reform an de verschiddene Cycle beschriwwen, vu Cycle 1 bis Cycle 4. Dobäi läit de Schwéierpunkt op den organisatoresche Grondprinzippien, der Bildung vu Sproochegruppen, der Organisatioun vu Klassen, souwéi op spezielle Situatioune wéi Cycle-Verlängerungen oder d’Integratioun vun nei immigréierte Schülerinnen a Schüler.
Zousätzlech enthält d’Dokument konkret Beispiller a Simulatioune vun der schoulescher Organisatioun, Hiweiser zu de Bedierfnisser mat Bléck op d'Infrastrukturen, souwéi e Kapitel iwwer Formatiounen, Begleedung an Informatioun vum Léierpersonal.