
Den neien Evaluatiounsrapport vun de pädagogeschen Ekippe vum Cycle 1 am Kader vum Pilotprojet « ALPHA – zesumme wuessen » ass elo disponibel. De Rapport beliicht d’Réckmeldunge vum Léierpersonal aus de véier Pilotschoulen. Hie gëtt en detailléierten Abléck an d’Dynamike vum Projet, hieft Stäerkten ervir an identifizéiert Erausfuerderungen a Verbesserungsméiglechkeeten, déi fir zukünfteg Decisioune relevant sinn.
D’Gespréicher mat de pädagogeschen Ekippe goufen no véier Haaptthemen organiséiert: d’Orientatiounsprozedur, de Vécu vun de Schülerinnen a Schüler am Cycle 1, d’Zesummenaarbecht mat den Elteren an d’pädagogesch Praxis.