
De 4. Juni war den Här Minister Claude Meisch Moies op Visitt an der Schoul Fiels. Do konnt hien sech e konkret Bild maachen, wéi de Projet "ALPHA - zesumme wuessen" am Cycle 1 ëmgesat gëtt. Uschléissend ass et weidergaangen am Cycle 2.1, wou Mathé um Stonneplang stoung a fir ofzeschléissen huet de Minister un enger Franséisch-Unterrechtseenheet am Cycle 2.2 deelgeholl.