
D’Deputéiert hunn de Gesetzprojet 8587 analyséiert, deen dorops ausgeriicht ass, d’Wiel tëschent enger Alphabetiséierung op Däitsch oder Franséisch am gesetzleche Kader anzeféieren an ab der Rentrée 2026/2027 ze generaliséieren. Fir eng ëmfaassend Iwwersiicht iwwer déi néideg Upassunge fir d’Dispositioune vum Pilotprojet “ALPHA – zesumme wuessen” kënnen ze generaliséieren, hunn si den 11. November 2025 Kenntnis vun de proposéierten Ännerungen un de groussherzogleche Reglementer iwwer d’Schoulorganisatioun, d’Evaluatiounsmodalitéiten an de Léierplang fir déi véier Cycle vum Enseignement fondamental geholl.