
Zënter dem Schouljoer 2022/2023 huele véier Grondschoulen um Projet "ALPHA – zesumme wuessen" deel: d’Grondschoul vu Déifferdeng (Schoul Uewerkuer), d’Grondschoul vu Diddeleng (Schoul Deich), d’Grondschoul vu Fiels (Fielser Schoul) an d’Grondschoul vu Schëffleng (Nelly Stein Schoul).
"ALPHA – zesumme wuessen" gouf vum Ministère fir Educatioun, Kannert- a Jugendaffären, a Kooperatioun mat de Gemengen, de regionale Direktiounen an de jeeweilege Schoulen, op de Wee bruecht. D’Enseignanten ënnerstëtzen d’Elteren dobäi, déi bescht Decisioun fir hire Kand ze huelen: entweder eng Alphabetiséierung op Däitsch oder op Franséisch.
Wat bedeit dat fir de Cycle 1?
Wéi ee didaktescht Material gëtt recommandéiert?
Wéi ginn d’Kanner orientéiert?
No enger Presentatioun vum Projet "ALPHA – zesumme wuessen" an enger Froen-Äntwerten-Ronn ginn d’Modalitéite vun der Orientatioun vun de Kanner an interaktive Workshops behandelt, déi en Austausch vu prakteschen Erfarungen an Iddien erméiglechen: