
Den 20. Januar hunn zwielef Membere vum Conseil supérieur de l’Éducation nationale (CSEN) zesumme mat enger Delegatioun aus dem Educatiounsministère d’Pilotschoul Nelly Stein zu Schëffleng besicht.
D’Visitt huet erméiglecht, en Abléck an d’Aarbecht an de Cyclen 1, 2 an 3 ze kréien, an d’Ëmsetzung vun de pädagogesche Prozesser am Kader vum Pilotprojet ze observéieren. D’Participante konnte sech e Gesamtandrock vun de Léiersituatiounen an dem organisatoresche Fonctionnement an de verschiddene Cycle maachen.