Den 12. an 13. Juni huet sech de wëssenschaftleche Rot nees zesummefonnt. Moies stoungen Hospitatiounen an de Schoulen Diddeleng-Deich a Fiels um Programm. Nomëttes hu sech déi fënnef Experten aus dem In- an Ausland engersäits mat de Regionaldirekteren, an anersäits mat de Léierpersounen, déi um Pilotprojet „ALPHA – zesumme wuessen“ deelhuelen, ausgetosch. Och eng Entrevue mam Minister stoung um Programm.