De 5. a 6. Juni war eng Delegatioun vun Direkteren an Enseignanten op Visitt an der “Falkenhausenschule” Kehl. Dës ass eng däitsch Grondschoul (Klassen 1–4) mat ronn 360 Schülerinnen a Schüler an et gi bilingual) a paritätesch Klassen, wou d’Zweesproochegkeet - Däitsch a Franséisch - vun Ufank u gefuerdert gëtt.