
Méi wéi 700 Enseignanten hunn un den interregionale Formatioune fir de Cycle 1 deelgeholl, déi vun Oktober bis November 2025 iwwert d’Land verdeelt ugebuede goufen. No enger Presentatioun vun “ALPHA – zesumme wuessen” an enger Froe-Ronn, goufen d’Modalitéite vun der Orientéierung vun de Schülerinnen a Schüler am Cycle 1 an interaktive Workshops behandelt, déi do riwwer eraus en Austausch vu Praktiken a Perspektiven erméiglecht hunn.
Den 18. November 2025 hu sech op der nationaler Journée “ALPHA – zesumme wuessen” eng ronn 550 Enseignanten aus dem Cycle 1 getraff. Am Forum Geesseknäppche stoungen d’Formatiounen, nei Léiermaterialien, en intensiven Austausch a virun allem d’Keynote vum Direkter vum Centre de Logopédie, Marc Schmidt, am Mëttelpunkt.