
De Podcast bitt verschidde Sequenzen, fir "ALPHA – zesumme wuessen" besser ze verstoen. Hien enthält Erklärungen iwwer d’Ëmsetzung, Interviews souwéi Visitte an de Klassen.
D’Themen, déi an den Episoden behandelt ginn, sinn:
Episode #1 – Firwat ALPHA?
Beschreiwung: Éischt Episod mat Enseignanten an dem Direkter vum SCRIPT, déi d’Grënn an d’Ziler vum Projet ALPHA erklären.
Episode #2 – Wat ass ALPHA?
Beschreiwung: Besuch vun enger Klass an der Fiels an Erklärungen vum Francine Vanolst iwwer d’konkret Ëmsetzung vum Projet.
Episode #3 – Eng Schoul fir gläich Chancen
Beschreiwung: Interview mam Minister Claude Meisch an engem Member vum wëssenschaftlechen Rot iwwer d’politesch an pädagogesch Ziler vum Projet.
Episode #4 – ALPHA an de Pilot-Schoulen
Beschreiwung: Visitt an Erfahrungsberichter vun zwou Enseignanten an enger Pilot-Schoul, déi ALPHA schonn ëmsetzt.
De Podcast ass gratis op allen gängleche Podcast-Plattformen disponibel.